top of page

PHOTOVOLTAIKANLAGEN
WAGNER S.à r.l.

Mat enger Photovoltaikanlag investéiert Dir an eng nohalteg Zukunft a produzéiert Är eegen alldeeglech Energie, déi Dir och zum Beispill fir Äert elektrescht Gefier benotze kënnt. Et ginn och eng Vilfalt vu Bäihëllefe fir erneierbar Energië, déi Iech bei der Finanzéierung an Ëmsetzung vun Ärer Investitioun hëllefe kënnen.

Kakteen

Onofhängeg vum Stroumubidder

Photovoltaikanlage produzéieren ëmweltfrëndleche Solarstroum andeems se d'Sonneliicht an Direktstroum ëmwandelen. Am Fall vun netzgekoppelten Anlage gëtt de generéierte Stroum an dat ëffentlecht Netz agespeist. Déi meescht Solarzelle bestinn aus zwou Schichte Silizium a sinn a Schichten aus Plastik oder Glas agebett fir se virun externen Aflëss ze schützen. Fir den Ertrag vun enger Photovoltaikanlag ze maximiséieren, sinn d'Daachschréit, d'Ausriichtung an d'geographesch Konditioune wichteg. Eng optimal Ausriichtung läit no Süde mat enger  Schréit tëscht 30 a 35 Grad. Ier Dir eng Photovoltaikanlag plangt, ass et unzeroden eng Wirtschaftlechkeetsberechnung auszeféieren. Mir ënnerstëtzen Iech gäre bei der Aschätzung vun dem ze erwaardenden Ertrag an d'Remuneratioun vum agespeiste Stroum an engem gemeinsame Gespréich.

Image by Mariana Proença
Wagner Sanitärfirma Bitburg Eifel Haustechnik Heizung  (88).jpg

MIR BERODEN IECH

Mécht eng Photovoltaikanlag Sënn fir Äert Doheem?

 Wat muss berücksichtegt ginn a wéi eng Ufuerderunge mussen erfëllt ginn? Mir beroden Iech gären.

bottom of page