top of page

SERVICE
WAGNER S.à r.
l.

Wat Dir och plangt, ob Moderniséiere vun enger existéierender Immobilie oder engem Neibau, loosst Iech am Viraus vun eis am Detail beroden. Een efficacen Energiemanagement suergt dofir, dat Är Energiekäschten op d'Joren niddereg bleiwen. Bei eiser Berodung kritt Dir ee stëmmegt Energiekonzept fir Är zukünfteg Wunnsituatioun. Mir informéieren Iech och iwwer staatlech Bäihëllefméiglechkeeten an déi gesetzlech Virgaben, un déi Dir Iech als Besëtzer hale musst.

NOUTDÉNGSCHT

Eis exzellent ausgebilte Mataarbechter stinn Iech als séier Hëllef zur Verfügung:

WÄREND DER HEIZPERIOD
01.10. - 30.04.
Mo-Fr: 17.00 Auer bis 22.00 Auer

Weekend: 07.00 Auer bis 22.00 Auer

AUSSERHALB VUN DER HEIZPERIOD
01.05. - 30.09.

Mo-Fr: 17.00 Auer bis 18.00 Auer

Weekend: 08.00 Auer bis 20.00 Auer

 TELEFON: +352 780404 

 

Mat dëser Service-Hotline bidde mir Iech een Noutdéngscht mat schnellstméigleche Reaktiounszäiten un. Duerch all eis Gefierer si mir ausserdeem extrem mobil a flexibel. Konkret bedeit dat fir Iech: Och wann d'Heizung mol zu enger schlechter Auerzäit ausfält, si mir direkt fir Iech do. Als zousätzleche Service bidde mir Iech natierlech och gäre fest Entretiens- an Inspektiounsverträg fir Är Heizungs-, Klima- oder Lëftungstechnik un.

Wagner Sanitärfirma Bitburg Eifel Haustechnik Heizung  (88).jpg
Wagner Sanitärfirma Bitburg Eifel Haustechnik Heizung  (32).jpg

ELO ENG BERODUNG UFROEN

Dir sidd interesséiert un eise Wärmepompelen oder anere Servicer?

WAGNER S.à r.l. 

10, rue Neuve

L-6235 Beidweiler (Beidler)

 Tel.: +352 78 04 04

bottom of page